Actualitéiten

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum éischte CoLab-Workshop ass online

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum éischte CoLab ass online
11/07/2022

Den éischte CoLab-Workshop 'Eng gemeinsam Visioun fir den Enseignement Fondamental' huet den 1. Februar en présentiel am Forum Geesseknäppchen an den 3. Februar online iwwer Teams stattfonnt.

Ronn 130 Participanten aus dem Bildungsberäich hunn iwwert eng gemeinsam Visioun fir d’Lëtzebuerger Grondschoul diskutéiert, dëst am Kader vum Projet 'Plan d’études 2025'. De Workshop gouf vun der Division du développement du curriculum vum SCRIPT encadréiert.

Mir freeën eis, Iech matzedeelen, dass de Rapport vun den Diskussiounen elo um Internetsite Curriculumsdivisioun ënnert dësem Link zougänglech ass.

De Rapport ass eng Bestandsopnam vum CoLab-Workshop a gëtt d’Aussoen vun de Participanten erëm. Dëse Rapport an déi zukünfteg Rapporten wäerten eng essentiell Basis sinn, op där d’Reflexioune ronderëm e neie Plan d’études wäerte gefouert ginn.

An der separater Annexe, déi Dir zousätzlech zum Haaptdokument fannt, sinn d’Aussoen vun de Participanten onverschafft festgehalen.

Weider Informatiounen ronderëm de Projet fannt Dir ënnert dësem Link.

Zéckt net, déi zoustänneg Equipe bei Froen ze kontaktéieren: curriculum@script.lu.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu