Actualitéiten

Radioreportage iwwer eng Famill aus der Ukrain

Radioreportage iwwer eng Famill aus der Ukrain
11/07/2022

Am Kader vun der 'Mini-Redaktioun' vun der Kannerzeitung 'De Piwitsch', hunn d’Klasse vum Cycle 4.2 vun Äischen sech fir hire Reportage mat enger Mamm an hiren zwee Meedercher, dem Tajana, Masha an Dasha, ënnerhalen.

De Goran Zezovski, Papp vun engem Bouf aus der Klass, war d'Famill un déi ukrainesch Grenz sichen.

D'Schüler an hir Léierinne Corinne Spoden an Annette Wagner hunn dëse Reportage zesumme mam 'Piwitsch'-Team realiséiert. De Reportage war an der Emissioun 'Kannereck!' um radio 100komma7 ze héieren.

Dës Emissioun geet dënschdes an donneschdes um 16:40 Auer a samschdes um 12:15 Auer um radio 100,7 iwwert d'Antenn. Si gëtt zesumme mam SCRIPT, dem natur musée a mat der Ekipp vu science.lu op d’Been gestallt.

  • Ënnert dësem Link kann ee sech de Reportage ulauschteren.
  • Ënnert dësem Link si méi Informatiounen iwwert d'Aarbecht vun der 'Mini-Redaktioun' ze fannen.
Mellt iech un fir d’Mini-Redaktioun!

Vun der Rentrée am September 2022 un kënnen dann d'Enseignanteën an Enseignanten aus den Zyklen 3 a 4 hir Klass aschreiwen, fir mam 'Piwitsch'-Team zesummen e Mini-Redaktiouns-Projet duerchzeféieren.

De Formulaire fannt dir an der Rubrik 'Unterrichtsmaterial' op piwitsch.lu.

Wat ass 'De Piwitsch'?

'De Piwitsch' ass e Konzept fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.

Et geet drëms, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

D’Léierpersoune kënne ganz gären d’Inhalter vun der Zeitung an dem Internetsite piwitsch.lu notzen, fir aktuell Theemen an der Klass opzeschaffen.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu