Actualitéiten

Spill, Spaass, Summer: 'De Piwitsch' Nummer 3 ass do!

Spill, Spaass, Summer: 'De Piwitsch' Nummer 3 ass do!
11/07/2022

D’Kannerzeitung 'De Piwitsch' bréngt virun der Summervakanz eng Spezialnummer mat 32 Säiten eraus, an där et ganz vill Tipps fir Summeraktivitéite gëtt.

An der Mëtt vun der Zeitung fannt dir e 'Summer Special' mat ville Spiller a Rätselen, mee och mat Liestippen, engem Interview mat zwee Clownen, enger Agenda an Uleedunge fir erfrëschend Summergedrénks ze maachen.

Dat grousst aktuellt Thema am 'Piwitsch' Nummer 3 ass awer d’Waasser. 'De Piwitsch' weist, wéi rar eigentlech Drénkwaasser op der Welt ass a wat mir kënne maache fir onst Drénkwaasser ze schützen.

Hutt dir iech scho gefrot, firwat d’Fransousen de 14. Juli hiren Nationalfeierdag feieren? Oder wat eng Schwammléierin am Alldag alles muss maachen? 'De Piwitsch' liwwert Äntwerten do drop.

D’Buergen an d’Schlässer am Land interesséieren iech? Da fannt dir am 'De Piwitsch' eng flott Kaart mat aacht där mëttelalterlecher Festungen, déi ee besiche kann. An natierlech lauter Detailer ronderëm d’Buergen.

D’Klassen, déi beim Programm 'Mini-Redaktioun' matgemaach hunn, hu fir dës 'Piwitsch'-Nummer Flüchtlingen aus der Ukrain interviewt (méi Informatiounen ënnert dësem Link) a waren dem Wollef op der Spuer.

An deenen anere Rubricke vum 'De Piwitsch' gëtt mat Brennnessele gekacht, gecheckt, wéi sécher e Vëlo muss sinn, en Tuer an de Mëllerdall ënnerholl, gekuckt firwat et eigentlech Vakanze gëtt, wéi Blëtz an Donner entstinn a wéi Schüler en extrae Knätsch erfonnt hunn. Dir fannt eraus, wat e Karikaturist mécht a wéi ee Jongléierbäll selwer ka bastelen.

Op der leschter Säit fannt dir wéi gewinnt Witzer an eng 'Maach Mat(h)'-Aufgab. Doriwwer eraus sidd dir invitéiert, d’„Piwitsch“-Maskottercher selwer ze molen. Schéckt der 'Piwitsch'-Ekipp är Molaarbechten a gewannt e flotte 'Piwitsch' -Kit!

Ënnert dësem Link sinn all d'Editione vum 'Piwitsch' als PDF-Dokument ze fannen.

Mellt iech un fir d’Mini-Redaktioun!

Vun der Rentrée am September 2022 un kënnen dann d'Enseignanteën an Enseignanten aus den Zyklen 3 a 4 hir Klass aschreiwen, fir mam 'Piwitsch'-Team zesummen e Mini-Redaktiouns-Projet duerchzeféieren.

De Formulaire fannt dir an der Rubrik 'Unterrichtsmaterial' op piwitsch.lu.

Wat ass 'De Piwitsch'?

'De Piwitsch' ass e Konzept fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.

Et geet drëms, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

D’Léierpersoune kënne ganz gären d’Inhalter vun der Zeitung an dem Internetsite piwitsch.lu notzen, fir aktuell Theemen an der Klass opzeschaffen.

Feedback

'De Piwitsch' ass en evolutive Projet, deen op ass fir Suggestioune vun der Schoulcommunautéit (Kanner, Enseignanten, Elteren).

Dir hutt Remarken oder Suggestiounen? Da schreift der Ekipp op team@piwitsch.lu.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu