Actualitéiten

Andréck vum éischten nationalen Hackathon vun der Educatioun

Andréck vum éischten nationalen Hackathon vun der Educatioun
21/11/2022

Ënnert dem Motto 'Let’s build together the future of education' huet de SCRIPT de 14. November 2022, zesumme mam House of Startups, den éischten nationalen Hackathon am Beräich vun der Educatioun organiséiert.

No de Wëllkommensgréiss an Impulsreferater vum Philippe Linster (CEO vum House of Startups) a Luc Weis (Direkter vum SCRIPT) hunn sech d’Kandidatinnen a Kandidaten un hir Aufgab gemaach.

Wärend 12 Stonnen hu Schülerinnen a Schüler, Léierpersonal a Leit aus der Aarbechtswelt un hirer Virstellung vun der Educatioun an der Zukunft geschafft. Si goufe begleet vu Coachen an ënnerstëtzt vun Expertinnen an Experten aus der Educatioun, dem Développement durable an dem Public Speaking.

No engem intensiven Dag hunn déi siwen Equippen hir Propositioun dem Fachjury gepitcht:

  • Alexa Ballmann, Entreprenesch a Vize-Präsidentin vun der Fédération des Artisans
  • Lex Folscheid, Premier Conseiller de Gouvernement a Chef de Cabinet vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (MENJE)
  • Fabrice Roth, Direkter vum Lycée des Arts et Métiers (LAM)

Eng ganz Rei Iddien an Denkustéiss huet de Public deen Owend mat op de Wee kritt, sou zum Beispill eng national Organisatioun vun den Optiounsfächer, eng Schoul à la Carte, e Fach Bien-être oder e Léieren direkt an den Entreprisen.

Déi 3 éischt Plazen hu folgend Teams ënnert sech ausgemaach:

  • 1. Plaz: 'Echléiren.lu': 'e Youtube fir den nationale Schoulprogramm'. Heibäi handelt et sech ëm eng komplementar digital Offer zum bestoende Schoulsystem, fir Schülerinnen a Schüler mat Léierschwieregkeeten, Elteren, déi hire Kanner hëllefe wëllen oder fir d’Nohuele vu Coursen am Krankheetsfall.
  • 2. Plaz: 'ToolBox of Passion': eng Genius Hour, déi et deene Jonken erlaabt, fir hir Passioun ze entdecken a verstäerkt an deem Beräich ze léieren, an deem si e reellen Interessi hunn.
  • 3. Plaz: 'MengSchoul.lu': eng Digitaliséirungsoffer fir eng verstäerkt Differenzéierung an d’Verännerung vum Rôle vum Enseignant hin zum Coach.

Dës Editioun war e volle Succès, bei där sech vill Leit ganz intensiv wärend engem Dag ronderëm d’Theema vun der Educatioun ausgetosch hunn. D’Zil ass et, dës Form vu participative Projete méi reegelméisseg an Zukunft zu ënnerschiddlechen Theemen unzebidden.

Fotoen: House of Startups

 

 

 

 

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu