Actualitéiten

Vernissage vum Projet '1001Tonnen @Lycée'

Vernissage vum Projet '1001Tonnen @Lycée'
06/12/2022

De Vernissage vun der Ausstellung '1001Tonnen @Lycée' war de 5. Dezember 2022 an der École internationale Mondorf-les-Bains (EIMLB) a Präsens vum Educatiounsminister M. Claude Meisch.

An der École Internationale Mondorf-les-Bains hunn dräi S2 Klassen (Equivalent vun enger 6e am Enseignement secondaire) wärend 12 Wochen 2 Stonne pro Woch aktiv beim Projet '1001Tonnen @Lycée' matgemaach.

Bei dësem Projet, dee vun der Fotografin Jessica Theis a vum SCRIPT op d’Been gestallt gouf, geet et drëm, d'Schülerinnen an d'Schüler op d’Theme vum illegalem Dumping a vun der Ëmweltverschmotzung opmierksam ze maachen.

Am Ufank vum Projet hunn d'Schülerinnen an d'Schüler bei engem Workshop iwwert d'Fotograféiere matgemaach. Dunn ware si Offäll dobausse sammelen an hunn doriwwer nogeduecht, wéi een illegalen Dumping vermeide kann. An enger nächster Phase hunn si illegalen Offall an der Natur fotograféiert. No enger Auswiel vun de Fotoe goufen dës gedréckt, cadréiert an opgehaangen.

  • Méi Informatiounen iwwert de Projet '1001 Tonnen @Lycée' ginn ënnert dësem Link.
  • De Reportage vun RTL iwwert d'Ausstellung fënnt een ënnert dësem Link.

 

Projet '1001 Tonnen'

De Projet '1001 Tonnen' ass en Deel vun 'Esch 2022 - Capitale européenne de la culture'.

Am Kader vun dësem Projet huet d'Fotografin Jessica Theis Fotoe vun Offall, deen an d’Natur gehäit gouf, gemaach. Am Duerchschnëtt geheit all Awunner zu Lëtzebuerg 1,6 Kilo Offall an d’Natur. Wann een dës Zuel mat 626.000 Awunner multiplizéiert, kënnt een op 1001 Tonnen. D'Kënschtlerin wëllt mat hirem Projet op d'Problematik vun der Ëmweltverschmotzung hiweisen.

  • Méi Informatiounen iwwert de Projet '1001 Tonnen' ginn ënnert dësem Link.

 

 

 

 

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu