Actualitéiten

4. Editioun vun der 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung'

Affiche Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung
27/03/2023

Déi 4. Editioun vun der 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE)', gëtt den 20. Abrëll 2023 am Forum Geesseknäppchen vum SCRIPT/ Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE), dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung (MECDD), der Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire an der Plateforme pour l’éducation à l’environnement et au développement durable organiséiert.

De ganzen Dag iwwer steet den aktiven Austausch tëschent de verschiddensten Acteuren aus der formaler an non-formaler Educatioun an den ONGen am Vierdergrond, sief et duerch iwwer 70 Stänn, déi déi ënnerschiddlechst pedagogesch Offeren an der Nohaltegkeet presentéieren oder duerch iwwer 20 zertifiéiert Weiderbildungen an Austauschmomenter, wärend deenen Erfarungen ausgetosch an nei Impulser fir pedagogesch Projete gesat kënne ginn. Fir u Formatiounen deelzehuelen, kann een sech um Internetsite www.ifen.lu oder um Internetsite www.enfancejenesse.lu aschreiwen.

Zousätzlech ginn um 'F.Use'-Stand eng Dosen Diskussiounsmomenter ugebueden, wou ee spontan kann derzoustoussen.

An der Mëttesstonn ass den offiziellen Deel mam Educatiounsminister M. Claude Meisch, der Emwëltministesch Mme Joëlle Welfring an dem Wirtschaftsminister M. Franz Fayot.

Fir nohaltegt, lokaalt, saisonaalt a fairt Iessen a Gedrénks suergt Restopolis.

  • Den detailléierte Programm vum Evenement ass ënnen op der Säit ze fannen.
  • Eng Bibliographie mat Kanner- a Jugendbicher gëtt am PDF-Dokument 'Bibliographie 'BNE Foire'' ënnen op der Säit proposéiert.
  • All d’Informatiounen zur Foire ginn et um Internetsite www.bne.lu.
  • Bei eventuelle Froe kann een op foire@bne.lu schreiwen.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu