Actualitéiten

Besuch op der 'didacta 2023'

didacta 2023
10/03/2023

Den 9. an 10. Mäerz war de SCRIPT mat engem Grupp vu ronn 50 Leit op der 'didacta - die Bildungsmesse' zu Stuttgart.

D''didacta', mat ronn 730 Aussteller aus 62 Länner an 1.300 Programmpunkten, ass di gréisste Bildungsfoire an Europa a gëtt e breeden Abléck an d'Bildungswiesen, ugefaange bei der fréikandlecher Betreiung, iwwert d'schoulesch an d'berufflech Bildung bis hin zum liewenslaange Léieren.

Nieft de villen Aussteller ginn et hei och eng Abberzuel vu Formatiounen, Virträg, Presentatiounen an hands-on Atelieren. Vertriederinnen a Vertrieder aus Wëssenschaft, Politik a Gesellschaft treffen hei op Léierpersounen esouwéi Educatricen an Educateuren aus de Schoulen an edukative Betreiungsstrukturen.

Vu Lëtzebuerg aus ware Mataarbechterinnen a Mataarbechter vum SCRIPT a vum IFEN mat dobäi, Membere vu Programmkommissiounen a Léierpersounen aus verschiddenen innovative Projeten wéi zum Beispill dem Alphabetiséierungsprojet. Si konnten sech ënnerteneen austauschen a kruten en Abléck an nei Léiermaterialien, Technologien, Methoden an innovativ Entwécklungen a sämtleche Beräicher vum Bildungswiesen.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu