Actualitéiten

Experimentéiertkit zum Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’

Experimentéiertkit zum Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’
28/03/2023

Dës Woch verdeelt de SCRIPT 10 Experimentéiertkiten (‘Knëllchebakteerien als Düngerersatz: En Experimentéierkit zum Film’) zum Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’ vum Tom Alesch un all Lycée zu Lëtzebuerg.

Dësen Experimentéier-Kit, dee vum SCRIPT ausgeschafft gouf, ka fächeriwwergräifend agesat ginn.

De Kit erméiglecht et de Schülerinnen a Schüler, selwer hir Leguminosen an der Klass ze zillen a kënnen esou beobachten, wéi een ouni cheemesch-syntheeteschen Dünger de Buedem mat Stéckstoff uräicheren a kräfteg Planze zille kann. Esou kann Energie, an domadder CO₂-Emissiounen, agespuert ginn, wat e positiven Impakt op de Portmonni an d’Ëmwelt huet.

D’Uweisung zum Experimentéierkit ass am PDF-Dokument ënnen ob der Säit ze fannen.

De Kit kann, an de Limitte vum Stock, um Internetsite heydoo.lu ënnert dësem Link bestallt ginn.

 

Wat léieren d’ d’Schülerinnen a Schüler bei dësem Experiment?

D’Schülerinnen a Schüler entdecken opgrond vun dësem Experiment an der Klass de positiven Afloss vu Knëllchebakteerien (Rhizobien) op de Wuesstem vu Sojaplanzen. Dobäi léiere si d’Konzept vun der Symbios kennen a setzen sech mat der nohalteger Landwirtschaft an dem Konzept vun Nohaltegkeet am grousse Ganzen auserneen.

D’Schülerinnen a Schüler léieren och, en Experiment ze plangen, duerchzeféieren an auszewäerten. Dat ass eng gutt Geleeënheet, fir d’Kommunikatioun vu Fuerschungsresultater ze üben, sief et a Form vun engem Rapport oder enger Presentatioun.

Dës Aktivitéit erlaabt et, de Schülerinnen a Schüler mat minimalem Opwand en Abléck an déi nohalteg Landwirtschaft souwéi d’Fuerschung ze ginn, an ënnerschiddlechst Kompetenzen ze entwéckelen. Iwwert de Kader vum einfachen Experiment eraus ginn d’Schülerinnen an d’Schüler motivéiert, grouss wirtschaftlech a gesellschaftlech Kontexter unhand vu wëssenschaftleche Fakten ze erschaffen.

Doriwwer eraus bitt sech d’Theema un, fir verdéiwend Fuerschungsprojeten unzegoen.

 

Didaktescht Material

Nieft dem Experimentéierkit huet de SCRIPT nach anert didaktescht Material ausgeschafft fir de Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’ ze begleeden.

  • D'Kaartespill zum Film gräift verschidden Elementer, déi am Film thematiséiert goufen, op an erlaabt et, dës deelweis komplex Zesummenhäng a Wiesselwierkungen an der Biolandwirtschaft spilleresch mat Fachwëssen ze verdéiwen.
    D’Zil ass et, déi verschidden Aufgabe mat Hëllef vu Ressourcekaarten ze erfëllen. Onerwaart Evenementer huelen allerdéngs Afloss op d’Spilldynamik.
    Um Ufank vum Schouljoer 2022-2023 kruten all d'Centres de documentation et d'information aus dem Enseignement secondaire eng Rei Exemplairë vum Spill zougestallt. Esou kennen d’Enseignanteën an d'Enseignanten, déi mat hire Klassen de Film kucken, dësen unhand vum Spill opbereeden a weider verdéiwen.
    D'Spill kann, an de Limitte vum Stock, um Internetsite heydoo.lu ënnert dësem Link bestallt ginn.
  • Op der Websäit www.biobauzen.lu  sinn weider pedagogesch Impulser ze fannen, wéi een sech op verschiddenst Aart a Weis an interdisciplinär mat der Biolandwirtschaft auserneesetze kann.

 

Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’

De Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’ vum Tom Alesch gëtt en Abléck an d’Welt vun der Biolandwirtschaft. Verschidde Protagonisten, déi de Wee vun der Biolandwirtschaft ageschloen hunn, weisen an erzielen, wéi ëmfangräich d’Entwécklung an de leschte Jore bei der Produktioun, der Vermaartung an der  Fuerschung an dësem Beräich vun der Landwirtschaft war.

Dëse Film ass eng Produktioun vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg asbl mat der Hëllef vum Oikopolis-Grupp a vun der Oikopolis Foundation Luxembourg, a Partnerschaft mam Cactus-Grupp, a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, vum Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, vum Ministère de la Protection des consommateurs a vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

Fichiers à télécharger

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu