Actualitéiten

Vernissage vun der Ausstellung '1001 Tonnen @Lycée' am LTEtt

Vernissage vun der Ausstellung '1001 Tonnen @Lycée' am LTEtt
29/03/2023

Den 28. Mäerz 2023 gouf de Vernissage vun der Ausstellung '1001 Tonnen @Lycée' an der aler Kapell vun der Annexe vum Lycée technique d'Ettelbrück (LTEtt) organiséiert. An dëser Ausstellung sinn d'Wierker vun de Schülerinnen a Schüler aus dem LTEtt, déi si mat der Hellëf vun der Kënschtlerin a Fotografin Jessica Theis gemaach hunn, ze gesinn.

Ëm wat geet et bei dësem Projet?

All Joer ginn zu Lëtzebuerg ronn 1001 Tonnen Offall illegal an der Natur entsuergt, dëst entsprécht 1,6 Kilogramm pro Awunner. Net nëmme sinn dës schiedlech fir d'Natur, mee d’Entsuerge vun deem Offall ass och mat grousse Käschte verbonnen. 

De Projet '1001 Tonnen', deen am Kader vun 'Esch 2022 - Capitale européenne de la culture' lancéiert gouf, setzt dës Problematik an de Vierdergrond.  D’Kënschtlerin a Fotografin Jessica Theis provozéiert bewosst mat hire Fotoe vum illegalen Offall a féiert dem Public virun Ae wéi wéineg Respekt virun der Natur besteet. 

Fir déi jonk Generatioun op dës Problematik opmierksam ze maachen, huet de SCRIPT zesumme mat der Mme Theis de Projet '1001 Tonnen @Lycée' an d’Liewe geruff.

Am Kader vun dësem Projet, begleet d’Mme Theis jee eng Klass  iwwer 12 Wochen. D’Schülerinnen an Schüler setzen sech an deem Zäitraum aktiv mat der Problematik vun Offall an der Natur auserneen, ënner anerem duerch d‘Réalisatioun vun engem Fotoreportage. Dës Fotoe ginn zesumme beaarbecht, geprint an am Lycée ausgestallt, fir esou d’ganz Schoulgemeinschaft mat anzebannen. 

'1001 Tonnen @Lycée' schreift sech an d’Panoplie vu SCRIPT-Projeten an déi d‘Noohaltëgkeet thematiséieren.       

  • Am PDF-Dokument ënnen op der Säit gëtt d'Konzept vum Projet '1001 Tonnen' erklärt.
  • Eng Selektioun vun de Fotoe vun der Ausstellung ass ënnert dësem Link ze gesinn.
  • Méi Informatiounen iwwert de Projet '1001 Tonnen @Lycée' ginn ënnert dësem Link.
Fichiers à télécharger

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu