Actualitéiten

Drëtten nationale 'Sustainable Entrepreneurial School'-Dag

Drëtten nationale 'Sustainable Entrepreneurial School'-Dag
27/09/2023

Den 23. Oktober 2023 ass den drëtten nationale 'Sustainable Entrepreneurial School'-Dag am Schapp an de Rives de Clausen.

D’Evenement riicht sech un d’Lycéesdirektiounen, Coordinateuren/ Coordinatricen, interesséiert Léierpersounen, involvéiert Schüler/ Schülerinnen an extern Partner.

Weider Informatiounen iwwert de Programm an d’Umeldung sinn am PDF-Dokument ënnen op der Säit ze fannen.

 

Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools'

Am Kader vum Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools' engagéieren sech Lycéeën, fir den Nohaltegkeetsgedanken an den entrepreneuriale Geescht an hire Gebaier zesummen ze liewen.

De Projet huet ënnert anerem als Zil, d'Eegeninitiativ an d'Kreativitéit vun deene Jonken ze stäerken. Insgesamt kënnen d’Lycéeën am Projet dräi verschidden Niveauen/ Labelen erreechen.

Méi Informatiounen iwwert de Projet fënnt een um Internetsite www.entrepreneurship.lu.

Fichiers à télécharger

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu