Actualitéiten

Formatiounen am Kader vum Projet 'Eis gebaute Welt - vu gëschter, haut a muer'

Formatiounen am Kader vum Projet 'Eis gebaute Welt - vu gëschter, haut a muer'
05/09/2023

D’Ekipp vum SCRIPT-Projet 'Eis gebaute Welt – vu gëschter, haut a muer' offréiert den 12. Oktober 2023, de 16. November 2023 an de 14. Mäerz 2024 eng Formatioun, an där d’Léierpersonal en Abléck an dëse flotte Projet kritt a vun enger personaliséierter Begleedung bei de Virbereedungen an der Ëmsetzung um Terrain profitéiert.

Zousätzlech ass en Austausch mat Leit, déi scho mat hire Klassen Erfarungen mat dësem Projet gesammelt hunn, méiglech. Et besteet och d’Méiglechkeet Synergien tëschent Schoulklassen uechtert d’Land opzebauen.

Fir unzefänke gëtt dat pedagogescht Konzept presentéiert. Dat speziell fir de Projet konzipéiert didaktescht Material gëtt virgestallt a beschwat. Jidderee ka sech Gedanken iwwert d’Emsëtzung vum Projet a senger Klass maachen, a seng Erwaardungen a Bedürfnisser matdeelen.

Duerno läit de Schwéierpunkt bei der Planung vun der praktescher Ëmsetzung. Fir sech mat de Schülermissioune vertraut ze maachen, gi verschidden Aktivitéiten ausprobéiert. D’Zil ass et, datt jiddereen zum Schluss eng konkret Virstellung huet, wéi en d’Missioune mat senger spezifescher Klass ëmsetze kann.

Iwwert dëse Link kann ee sech fir d’Formatioun umellen.

 

Detailer iwwert de Projet

'Eis gebaute Welt - vu gëschter, haut a muer' dréint sech ëm spilleresch Missiounen, déi Schülerinnen a Schüler aus der Grondschoul invitéieren, fir dat gebauten Ëmfeld an den architektonesche Patrimoine bannent hirer Gemeng, mee och doriwwer eraus, ze entdecken.

D’pedagogesch Aktivitéite fannen am Klassenzëmmer, dobaussen am Ëmfeld vun der Schoul oder op engem Schoulausfluch, statt. Si baséieren op pedagogesche Fichen an engem 'Aktivitéitsrucksak' (Moossinstrumenter, Kräid, Luppen, Kamera, Sécherheetsjackette mam Logo vun 'Eis gebaute Welt- vu gëschter, haut a muer', asw.), deen och onofhängeg vun de Coursen an der Schoul ka benotzt ginn. All d’Aktivitéiten orientéieren sech un de Prinzippie vun der nohalteger Entwécklung.

Am Kader vun dësem Projet féieren d’Schülerinnen an d’Schüler Reflexiounen iwwert d’Gestaltung an d’Notzung vun ëffentleche Raim an analyséiere Gebaier an hier Architektur (z.B. Baumaterialien, Dimensiounen, historesch Mierkmoler, Bautechnik, Materialien). Dat erméiglecht hinnen en direkten, erliefbaren Zesummenhang mat verschiddene Kueren aus dem Schoulprogramm ze gesinn.

D’Zesummenaarbecht tëscht Schoulen aus ënnerschiddleche Regioune gëtt encouragéiert.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu