Actualitéiten

'Sustainable Entrepreneurial Schools Day': 17 Lycéeën ausgezeechent

'Sustainable Entrepreneurial Schools Day': 17 Lycéeën ausgezeechent
25/10/2023

Ënnert enger neier Formule huet den 23. Oktober 2023 den drëtten 'Sustainable Entrepreneurial Schools'-Event stattfonnt.

Et war déi éischte Kéier, dass am Kader vun dëse Feierlechkeeten déi extern Partner vum Projet engagéierte Schülerinnen a Schüler an engem Rallye kleng Challengë gestallt hunn, déi si am Laf vum ganzen Nomëtten hu misse léisen. Bei spontane Pitchen, Geschécklechkeetsspiller, Quizzen, a 'Businesstabu' konnten déi 10 Ekippen aus deene verschiddene Lycéeën hir Sustainable Entrepreneurial Competences ënner Beweis stellen.

Iwwerdeems konnt een sech op insgesamt 17 Stänn iwwert déi eenzel Aktivitéiten informéieren an nei Aktivitéite fir dat lafend Schouljoer plangen. Och den Echange tëscht de Partner koum op dësem Nomëtten net ze kuerz.

Um 17:00 Auer huet den offiziellen Deel vum 'Sustainable Entrepreneurial Schools Day' ugefaangen. Hei goufen an engem feierleche Kader déi 17 Lycéeë fir hir Efforten am Schouljoer 2022/2023 am Kader vum Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools' ausgezeechent. Dobäi war virun allem eng grouss Progressioun festzestellen, well ëmmer méi Lycéeë mam héchste Label belount gi sinn.

Nieft den Allocutioune vum Gilles Scholtus a Luc Weis, koumen och begeeschtert Entrepreneuren zu Wuert, déi vun hirer Rees duerch d’Entrepreneuriat erzielt hunn. Dëst  war de Maurice Delcourt, dee vun sengen Erfarungen aus sengen dräi Entreprisë konnt berichten, an deen de Schüler a Schülerinne vill wäertvoll Tipps mat op de Wee ginn huet. Duerno war et um Jacques Weniger, deen iwwert seng Start-Up Lëtz Ai erzielt huet. Dobäi stoung d’Innovatioun an den Ëmgang mat der kënschtlecher Intelligenz am Vierdergrond.

E weideren Highlight war  den Optrëtt vu siwe Schüler a Schülerinnen, déi iwwert hir Erfarungen am 'Sustainable Entrepreneurial Schools'-Projet erzielt hunn. Teamwork, Konsistenz, an d’Verloosse vun der Comfortzone waren dobäi Schlagwierder, déi ëmmer erëm komm sinn.

Ofgeschloss gouf den Owend mat dem Ënnerschreiwe vun der Konventioun fir d’'EduStart-Ups' tëscht dem SCRIPT, der Direction générale des classes moyennes an den dräi Pilotlycéeën (Atert Lycée Réiden, École de commerce et de gestion - School of business and management, Lycée Aline Mayrisch).

An dësem Pilotprojet gëtt et de Lycéeën erméiglecht, fir eng Entreprise am Lycée a fir de Lycée ze grënnen, déi d’Schouljoer iwwerdauert, fir  sou éischt Experienzen am Entrepreneuriat ze sammelen an dëst an engem protegéierte Kader.

 

Verdeelung vun de Labelen

N1

  • École internationale Mersch Anne Beffort
  • Lycée Bel-Val

N2

  • Lycée Nic-Biever
  • Lycée Technique Agricole
  • École Privée Fieldgen
  • École Privée Marie-Consolatrice
  • Lycée Technique de Lallange
  • Lycée de Garçons de Luxembourg

N3

  • Maacher Lycée
  • Lycée / International School Michel Lucius
  • Lycée Robert Schuman
  • Lycée Technique d’Ettelbruck
  • Lycée Technique de Bonnevoie
  • Atert Lycée, Redange
  • École de commerce et de gestion - School of business and management
  • Lycée Aline Mayrisch
  • Lycée Classique d'Echternach

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu