Actualitéiten

D’Li Meyers ass d’Gewënnerin vun der 19. Editioun vum 'Virliesconcours'

''
12/06/2024

Am Ariston, dem ale Kino zu Esch-Uelzecht, deen elo en Deel vum Escher Theater ass, koumen den 11. Juni 2024 am Nomëtteg déi aacht Finalistinne fir d’Finall vum 'Virliesconcours 2024' zesummen.

Et waren effektiv just Meedercher, déi sech ënnert méi wéi 3.200 Participanteën a Participanten aus dem Cycle 4 am ganze Land qualifizéiert haten.

 
Eng Rei Neierungen

Dëst Joer hat de 'Virliesconcours' eng ganz nei Nues: all Kand huet bei der Umeldung zwou Liessproochen uginn, eng éischt Sprooch, déi d’Kand als seng stäerkste Virliessprooch ugesäit, an eng zweet Sprooch, an där et och gär virliest. Déi huet awer eréischt vun der Véierelsfinall un eng Roll gespillt. Als éischt Sprooch haten d’Kanner d’Wiel tëscht Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch. Als zweet Sprooch konnten se och Englesch uginn. Englesch war awer dëst Joer net an der Finall vertrueden, well keng Finalistin déi Sprooch gewielt hat.

Weider Neierunge waren eng Halleffinall als zousätzlech Etapp an neierdéngs dräi Epreuven an der Finall selwer : e “bekannten” Text, deen d’Kanner iwwert de Weekend konnte virbereeden; wéi gewinnt e ganz onbekannten Text aus engem Buch als “lecture à vue” a schliisslech, ganz nei an als Gruppenaufgab, e Liestheater, an deem jee zwee Kanner matenee gelies hunn.

Eng weider Erausfuerderung an der Finall war, datt all Kand esouwuel a senger éischter, wéi och an senger zweeter Sprooch huet misse virliesen.

Fir de Kanner méi Fräiheet ze loosse bei der Auswiel vun hirem Extrait um Schoulniveau, gouf vun dësem Joer u keen Theema beim 'Virliesconcours' méi virginn.

D’lokal Selektiounen, vun den Enseignanten an de Schoulbibliothecairen organiséiert, hu fir d'éischt op Klassenniveau stattfonnt, duerno op Schoulniveau. Doropshi goufen et 15 regional Véierelsfinallen an duerno eng Halleffinall, bei där aacht Finalistinnen ermëttelt goufen.

 
D’Gewënnerin an hir Epreuven

D’Li Meyers aus der Grondschoul vu Kielen huet de Concours gewonnen. Hatt wosst de Jury esouwuel beim bekannten imposéierten Text ze iwwerzeegen, grad wéi beim ganz onbekannten Text an och bei enger ganz neier Epreuve - dem 'Liestheater'.

Als imposéierten Text a senger zweeter Sprooch hat et en Extrait aus dem Buch 'En Däiwelsgesiicht' vum Henri Losch an als onbekannten Text a senger éischter Sprooch huet et aus dem Buch 'Pepe und der Oktopus auf der Flucht vor der Müllmafia' vum Stepha Quitterer virgelies. De 'Liestheater' op Däitsch, senger éischter Sprooch, war extra fir d’Finall geschriwwe ginn.

 

D’Finalistinnen an hir Präisser

Déi jonk Finalistinne waren : d’Joyce Frères Teixeira, d’Lili Karacs, d’Lenie Keilen, d’Li Meyers, d’Zoé Mohnen, d’Sonia Sterczewska, d’Emmy Turmes an d’Sarah Weber.

All Finalistin krut e Buch an e Bicherbong als Präis. D’Gewënnerin krut e Bong vun enger Librairie fir e méi héije Betrag.

 
De Jury an d’Moderatioun

An der Jury waren : de Luc Belling (Responsabel vun der Division de la coordination d'initiatives et de programmes pédagogiques vum SCRIPT), den Yves Ciaffone (Regionaldirekter am Fondamental), d’Anne Diderich (Libraire), d’Carole Lorang (Direktesch vum Escher Theater) an d’Nora Wagener (Schrëftstellerin).

D’Nathalie Bender, Mataarbechterin vum SCRIPT a laangjäreg Radiomoderatrice, huet de Public – Klassekomerodinnen, Klassekomeroden a Famill vun de Finalistinnen - duerch dëse liewegen Nomëtteg gefouert, bei deem d’Genéisse vum Liesen an Nolauschteren um Rendez-vous waren.

Den Escher Theater an de SCRIPT hunn duerno e Patt an e klenge Maufel zum Beschte ginn.

De 'Virliesconcours' gëtt all Joer am Kader vun der Liesfërderung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert. E riicht sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul.

 

De 'Kanner- a Jugendliteraturpräis' fir d’Anja Di Bartolomeo

Virun der Präisiwwerreechung vum 'Virliesconcours' gouf et nach en anere flotte Moment: d’Präisiwwerreechung vum 'Kanner- a Jugendliteraturpräis' un d’Anja Di Bartolomeo. De Luc Weis, President vum Jury, huet eng Laudatio fir d’Auteurin gehal a si huet en Extrait vun hirem präisgekréinten Text virgelies.

 

 

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu