Actualitéiten

Projektioun vum Film 'Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren' am CAPE

''
11/06/2024

De Lëtzebuerger Dokumentarfilm 'Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren', realiséiert vum Tom Alesch, gëtt den 29. Juni 2024 um 19:00 Auer am Centre des Arts Pluriels Ettelbruck (CAPE) gewisen.

Umelle kann een sech bis de 26. Juni 2024 via E-Mail op info@biovereenegung.lu.

 

'Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren'

Dëse Film gëtt en Abléck an d’Welt vun der Biolandwirtschaft. Verschidde Protagonisten, déi de Wee vun der Biolandwirtschaft ageschloen hunn, weisen an erzielen, wéi ëmfangräich d’Entwécklung an de leschte Jore bei der Produktioun, der Vermaartung an der  Fuerschung an dësem Beräich vun der Landwirtschaft war.

De Film 'Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren'  ass eng Produktioun vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg asbl mat der Hëllef vum Oikopolis-Grupp a vun der Oikopolis Foundation Luxembourg, a Partnerschaft mam Cactus-Grupp, a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, vum Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, vum Ministère de la Protection des consommateurs a vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

 

Didaktescht Material

D’Equipe aus der Division de l'innovation pédagogique et technologique vum SCRIPT huet didaktescht Material ausgeschafft fir de Film 'Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren' ze begleeden. Méi Informatiounen zum didaktesche Material ginn et ënnert dësem Link.

D’didaktescht Material ass op www.heydoo.lu ze fannen.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu