Actualitéiten

Eisen Hiphop Song mam Nikki Ninja

''
01/07/2024

An dësem Schouljoer huet d'Ekipp vu www.mimamu.lu hir Offer mat engem neiaartegen a villsäitegem Projet beräichert.

'Eisen Hiphop Song mam Nikki Ninja' bitt villfältegt didaktescht Material fir fënnef Museksstonnen an deene Klassen aus dem Cycle 3, déi déi musekalesch Welt vum Hiphop zesumme mat der Rapperin Nikki Ninja (Nicole Bausch) entdecken.

Zousätzlech haten dëst Joer fënnef Klassen d'Geleeënheet, fir déi geléiert Inhalter an zwee spannenden Atelieren ëmzesetzen. Nodeems d'Klassen hiren eegene Raptext geschriwwen haten, hunn si zesumme mat der 'mimamu'-Ekipp dee passende Beat selwer erstallt an opgeholl.

Als kréinenden Ofschloss stoung um Enn dunn d'Visite beim Nikki Ninja an am Studio un. Hei gouf den eegenen Hiphop Song verfeinert an natierlech och opgeholl.

Enseignanten/ Enseignanteën, déi och mat hirer Klass den eegenen Hiphop Song schreiwen an ophuele wëllen, kënnen sech op eng weider Ausgab vun dëser Offer freeën.

Am 'mimamu'-Newsletter fir d'Rentrée gëtt et dozou méi Detailer.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu