Actualitéiten

'MathematTIC' - Neiegkeete fir d'Schouljoer 2023-2024

'MathematTIC' - Neiegkeete fir d'Schouljoer 2023-2024
11/09/2023

Zanter 2015 ass d'Léierplattform MathemaTIC.lu fir all Schülerinnen/ Schüler an Enseignanteën/ Enseignanten zu Lëtzebuerg, déi en IAM-Zougang hunn, gratis verfügbar.

D’Plattform riicht sech u Schülerinnen/ Schüler aus de Cyclen 3 a 4 vun der Grondschoul, de Klasse vun der Voie de préparation an de Klasse vum Cycle inférieur am Lycée.

'MathemaTIC' ass en interaktiven, digitalen a méisproochege Léierprogramm, deen op d'Bedierfnesser vun de Schülerinnen/ Schüler ugepasst ass. Den Inhalt entsprécht de Kompetenze vun de Léierpläng vun der Grondschoul a vun de Lycéen zu Lëtzebuerg.

Déi verschidde Funktiounen op MathemaTIC.lu erméiglechen den Enseignanteën/ Enseignanten hire Mathésunterrecht ze differenzéieren, spezifesch op d'Bedierfnesser vun de Schülerinne/ Schüler ze reagéieren an domat hir Motivatioun ze steigeren.

 

Formatiounen an Eventer fir d'Schouljoer 2023-2024

Fir weider Informatioune mellt Iech w.e.g. beim Team vu 'MathemaTIC' um 247-75249 oder per E-Mail: mathematic@script.lu.

Fichiers à télécharger

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu